LOD.lu 12+

Ministère de l'Éducation nationale Luxembourg

专为 iPad 设计

    • 免费

简介

LOD on the go – the official app for the Luxembourgish Online Dictionary

The Lëtzebuerger Online Dictionnaire (LOD) is an official tool destined at documenting the Luxembourgish language. Its origins go back to 29 July 1999 and the Règlement grand-ducal portant création du Conseil permanent de la langue luxembourgeoise.

The LOD is considered an orthographic reference conveying the meaning of common Luxembourgish expressions by means of translation elements in four different languages: German, French, English and Portuguese. The LOD can also be used as a writing assistance or translation tool.

Alongside translations, the following information can be found in the LOD: example sentences, proverbs and figures of speech with an explanation, synonyms, information regarding pronunciation (audio file and IPA-transcription), sign language videos.

So-called info boxes include orthographic, grammatical or historical information that would be out of place in the more rigid frame of the dictionary entries.

An error-tolerant search enables the user to look up content in the five LOD languages in an easy and intuitive manner. An advanced search also makes it possible to call up lists of Luxembourgish expressions by respecting certain criteria (wild card character, part of speech, phonetics, language register, ...)

Additionally, the expressions are subdivided into categories: job descriptions, animals, insults, vehicles, fruit and vegetables, ...

The Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch – Centre for the Luxembourgish language (http://zls.lu) was created with the law of 20 July 2018 on the promotion of the Luxembourgish language and is in charge of the maintenance and development of the LOD.

__________________________________________


Den LOD fir ënnerwee – déi offiziell App vum Lëtzebuerger Online Dictionnaire

D’Originne vum Lëtzebuerger Online Dictionnaire (LOD), engem offiziellen Tool fir d'Dokumentatioun vun der Lëtzebuerger Sprooch, ginn zeréck op de Règlement grand-ducal vum 29. Juli 1999 portant création du Conseil permanent de la langue luxembourgeoise.

Den LOD gëllt als orthografesch Referenz a vermëttelt de Sënn vun de gängege lëtzebuergesche Wierder unhand vun eendeitegen Iwwersetzungselementer a véier Sproochen: Däitsch, Franséisch, Englesch a Portugisesch.
Den Dictionnaire kann awer och als Schreif- an/oder als Iwwersetzungshëllef gebraucht ginn.

Niewent den Iwwersetzunge stinn ënner anerem och nach dës Informatiounen am LOD: Beispillssätz, Spréchwierder a Riedewendunge mat enger Erklärung, Synonymmen, Informatiounen iwwer d’Aussprooch (Audio-Datei an IPA-Transkriptioun), Gebäerdevideoen.

A sougenannten Infoboxe sti wichteg orthografesch, grammatesch oder historesch Informatiounen, déi net an de rigide Kader vun den Dictionnaires-Artikele passen.

Iwwer eng feelertolerant Sich ka ganz einfach an intuitiv an de fënnef LOD-Sproochen no Inhalter gesicht ginn. Eng erweidert Sich erlaabt et awer och, fir sech Lëschte mat lëtzebuergesche Wierder uweisen ze loossen, déi verschiddene Krittären (Jokerzeechen, Wuertaart, Phoneetik, Sproochregëster, ...) entspriechen.

Ausserdeem sinn d’Wierder a Kategorien ënnerdeelt: Beruffsbezeechnungen, Déieren, Frechheeten, Gefierer, Uebst & Geméis, ...

Den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch (http://zls.lu), deen duerch d'Gesetz vum 20. Juli 2018 iwwer d’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch geschafe gouf, këmmert sech ëm d'Maintenance an ëm d'Entwécklung vum LOD.

新内容

版本 1.2.0

Bug fixes

App 隐私

开发者“Ministère de l'Éducation nationale Luxembourg”已表明该 App 的隐私规范可能包括了下述的数据处理方式。有关更多信息,请参阅开发者隐私政策

未与你关联的数据

开发者可能会收集以下数据,但数据不会关联你的身份:

  • 联系信息
  • 用户内容
  • 搜索历史记录
  • 标识符
  • 使用数据

隐私处理规范可能基于你使用的功能或你的年龄等因素而有所不同。了解更多

更多来自此开发人员的 App

你可能也会喜欢

LLO
教育
Aurelux - Luxembourgeois
教育
LD Pocket
教育
Datz!
教育
Lëtzebuerg City Museum
教育
Altissia
教育